Shortcuts: WD:INTRO, WD:I

Wikidata:Aleedung

From Wikidata
Jump to navigation Jump to search
This page is a translated version of the page Wikidata:Introduction and the translation is 89% complete.
Outdated translations are marked like this.

Wikidata ass eng fräi, kollaborativ a méisproocheg sekundär Datebank, déi op eng strukturéiert Manéier Date sammelt fir Wikipedia, Wikimedia Commons, déi aner Wikie vun der Wikimedia-Beweegung a fir jidderee soss op der Welt.

Wat heescht dat?

Dat heescht am Detail:

  • Fräii. D'Donnéeën op Wikidata sinn ënner der Creative Commons Public Domain Dedication 1.0-Lizenz publizéiert, déi et erlaabt fir d'Donnéeën a ville verschiddenen Zeenarien ze benotzen. Dir kënnt d'Donnéeë kopéieren, änneren, verdeelen a verbesseren, esouguer fir kommerziell Zwecker, ouni ëm Erlaabnis ze froen.
  • Kollaborativ. Donnéeën gi vu Wikidata-Benotzer saiséiert an ënnerhal, déi decidéiere wat fir eng Reegelen fir d'Creatioun an d'Gestioun vum Inhalt gëllen. Automatiséiert Botten ginn och D'Donnéeën op Wikidata an.
  • Méisproocheg. Ännere, benotzen, duerchsichen a virubenotze vun den Donnéeën ass komplett méisproocheg. Informatiounen déi an enger Sprooch eragi goufe sinn direkt an allen anere Sproochen disponibel. Änneren an alle Sproochen ass méiglech a gewënscht.
  • Eng sekondär Datebank. Wikidata enregistréiert net nëmmen Deklaratatiounen, mä och hir Quellen a Verbindunge mat aneren Datebanken. Dëst weist d'Diversitéit vum Wëssen dat disponibel ass an ënnerstëtzt d'Notioun vun der Iwwerpréifbarheet.
  • Sammele vu strukturéierten Donnéeën. d'Imposéiere vun engem héije Niveau vu strukturéierter Organisatioun erlaabt déi einfach Notzung vun den Donnéeën a Wikimedia-Projeten an an anere Projeten, an erlaabt et Computeren fir se ze verschaffen an ze 'verstoen'.
  • Ënnerstëtzung fir Wikimedia-Wikien. Wikidata ënnerstëtzt Wikipedia mat Informatiouns-Këschten déi méi einfach aktualiséiert ginn a mat Linken an aner Sproochen, an esou kann den Effort fir Ännerunge reduzéiert ginn an d'Qualitéit vun den Donnéeën eropgesat ginn. Aktualiséierungen an enger Sprooch gi fir all aner Sproochen disponibel.
  • Jiddereen op der Welt. Jidderee ka Wikidata benotzen op verschidde Manéieren oder duerch d'Benotze vu sengem Interface fir Software (API).

Wéi funktionéiert Wikidata?

Dëse Schema vun engem Wikidata Element weist Iech déi wichtegst Begrëffer op Wikidata.

Wikidata ass en zentrale Späicher op deen anerer zougräife kënnen, wéi d'Wikien vun der Wikimedia Foundation. Inhalt deen dynamesch vu Wikidata geluede gëtt brauch net manuell an all Wiki-Projet ënnerhal ze ginn. Beispiller: Statistiken, Datumer, Plazen an aner gemeinsam Donnéeën kënnen op Wikidata zentraliséiert ginn.

D'Wikidata-Datebank

Elementer an hier Donnéeë si matenee verknäppt.

D'Wikidata-Sammlung besteet virun allem aus Elementer, déi all eng Etikett, eng Beschreiwung a weider Aliasen. Elementer ginn eendeiteg identifizéiert duerch e Q, mat enger Nummer hannendrun, wéi bei Douglas Adams (Q42).

Deklaratioune beschreiwen detailléiert Charakteristike vun engem Element a bestinn aus enger Eegenschaft an engem Wäert. Eegenschaften op Wikidata hunn een P mat enger Nummer hannendrun, wéi hei:educated at (P69).

Fir eng Persoun kënnt Dir eng Eegenschaft derbäisetze fir ze spezifizéiere wou si forméiert gouf andeems dir e Wäert fir eng Schoul agitt. Fir Gebaier kënnt Dir geographesch Koordinaten aginn andeem Dir Wäerter fir d'Längten- an d'Breedegraden agitt. Eng Eegenschaft déi op en Element an enger externer Datebank linkt, esou wéi enger Norm-Datei, déi vu Bibliothéiken an Archive benotzt ginn, verlinkt, gëtt als Identifikatioun bezeechent. Speziell Säite-Linken verbannen en Element mat entspriechendem Inhalt op Wiki-Clienten, wéi Wikipedia, Wikibooks oder Wikiquote.

All dës Informatioune kënnen an alle Sprooche gewise ginn, esouguer wann d'Donnéeën am Original an enger anerer Sprooch sinn. Wann dës Wäerter ofgefrot ginn, da weisen d'Client-Wikien ëmmer déi aktuellst Donnéeën un.

Element Eegenschaften Wäert
Q42 P69 Q691283
Douglas Adams educated at St John's College

Mat Wikidata schaffen

Et gëtt verschidde Manéiere fir op d'Donnéeë vu Wikidata zouzegräifen, mat integréiertem Geschir, externen Tools oder Programméier-Schnëttstellen.

  • Wikidata Query a Reasonator sinn e puer vun de populären Tools fir no Wikidata-Elementen ze sichen an se z'examinéieren. D'Tools-Säit huet eng ausféierlech Lëscht vun interessante Projeten déi dir entdecke kënnt.
  • Client-Wikie kënnen op d'Donnéeën zougräife fir hir Sàiten andeem se e Lua Scribunto Interface benotzen. Dir kënnt all Daten och mat der Wikidata API eroflueden.

Wou ufänken

D'Wikidata-Toure fir nei Benotzer sinn déi bescht Plaz fir méi iwwer Wikidata gewuer ze ginn.

E puer Linke fir unzefänken:

Wéi kann ech matmaachen?

Fuert duer a fänkt u mat änneren. Änneren ass de beschte Wee fir d'Struktur an d'Konzepter vu Wikidata ze léieren. Wann Dir d'Konzepter vu Wikidata d'éischt wëllt verstoen, da kann et nëtzlech si fir d'Hëllef-Säitenze consultéieren. Wann Dir Froen hutt, dann zéckt net fir se op Project Chat ze stellen oder d'Equipe vun den Entwéckler ze kontaktéieren.

Kuckt och