Op den Inhalt sprangen

Stack (Informatik)

Vu Wikipedia
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

An der Informatik bezeechent e Stack (op Däitsch och nach Stapelspäicher, oder Keller genannt), eng Datestruktur, déi besonnesch dacks beim Programméiere vu Mikroprozesseren agesat gëtt.

Funktiounsprinzip

[änneren | Quelltext änneren]

E Stack kann eng bestëmmt Gréisst vun enger Informatiounsstruktur, déi d'selwecht Gréisst huet, ophuelen a gëtt se géint d'Reiefolg vun der Opnam erëm zeréck. Benotzt gi follgend Operatiounen:

  • push (akelleren) - späichert den Inhalt vun engem Späicher am Stack of,
  • pop (auskelleren) - schreift den Inhalt, deen am Stack gespäichert gouf, nees an de Späicher zeréck,

dacks gëtt zousätzlech nach follgende Befeel ugebueden:

  • peek (nokucken) - de geretteten Inhalt kann aus dem Stack geholl ginn, ouni datt en am Stack geläscht gëtt.
  • XTHL - tauscht den Inhalt vun der Stackspäicherplaz, dee mam Stackpointer adresséiert ass, mam Inhalt vun der Registerkoppel H aus.


Dobäi gëtt nom Last In, Frist Out-Prinzip (op Lëtzebuergesch: Als lescht eran, als éischt eraus) geschafft. Mam pop gëtt also ëmmer deen Objet erausginn, dee fir d'lescht duerch push eraginn gouf.

De Prinzip ka mat Këschte beim Plënnere verglach ginn: Eng nei Këscht kann een ëmmer nëmmen uewen op e Stouss Këschte stellen. Wann ee se elo erëm eenzel verréckele wëll, fänkt een uewe bei der Këscht un, déi ee fir d'lescht dropgesat huet.

Commons: Stack data structure – Biller, Videoen oder Audiodateien