Op den Inhalt sprangen

Bas

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Base)

Base sinn am méi enke Sënn all cheemesch Verbindungen, déi a wässereger Léisung an der Lag sinn, Hydroxid-Ionen (OH) ze bilden, also de pH-Wäert z'erhéijen. Hydroxid-Ione si cheemesch Verbindungen, déi Protone vun enger Saier ënner Formatioun vun engem Waassermoleküll iwwerhuele kënnen. Eng Bas ass domat d'Géigestéck zu enger Saier a ka se sou neutraliséieren.

Am méi wäite Sënn ginn duerch verschidde Saier-Bas-Konzepter eng wesentlech méi breet Palett vu cheemesche Reaktioune beschriwwen, déi wäit iwwer déi uewe beschriwwe Reaktiounen erausgoe kënnen. Besonnesch wichteg ass d'Konzept nom Lewis (1875-1946) an dat nom Pearson (1919-2022), dee vun haarden a mëlle Saieren a Base schwätzt (HSAB-Konzept).

Saieren a Basen neutraliséiere sech géigesäiteg a gi Waasser a Salzer.

Beispiller vu Basen:

  • , Natriumhydroxid (Natronlaug)
  • , Kaliumhydroxid (Kalilaug)
  • , Calciumhydroxid (geläschte Kallek)
  • , Ammoniakléisung

Basen hunn e pH-Wäert tëscht 7 a 14, Saieren tëscht 0 a 7.

D'Stäerkt vu Base gëtt mam pKb-Wäert gemooss.

De Gebrauch vu Basen ass net ongeféierlech: Base kënnen organescht Material verätzen (Kleedung, Haut, Aen). Aus Ueleg a Fetter entsti mat Base Seef a Glycerin.

Commons: Basen – Biller, Videoen oder Audiodateien